37 Joer aal. Papp vun 2 Bouwen. Independant.

A la Base sinn ech Hotelier. Schonn als Kand hunn ech Saachen hannerfrot, wou sech soss keen fir interesséiert huet. An da Schoul krut ech oft ze héieren: « Steet net um Programm, brauchs de net ze wëssen, hal op mat Froen! » 

Ech hunn meng Äntwerten dann am Liewen gesicht. Wat zu engem relativ laangen CV gefouert huet. Nieft diversen Beschäftegungen am gastronomeschen Secteur, wou ech immens vill vun mengen Client´n um Comptoir duerft leieren, an jonken Joren, sinn ech och Agent d´assurances agréé an Gestionnaire de Projet (LLC). 

Als gebiertegen Beetebuerger, konnt ech ma et awer net huelen loossen och meng Erfarungen beim Lamesch ze sammelen. Schonn als Kand hunn mech déi rout Camion´en magesch ugezunn. 

Dei lescht Méint hunn ech d´Interviewen vum Dr. Reiner Fuellmich geschnidden, transkribéiert an iwwersat. Aktuell sinn ech mat enger internationaler Equipe amgaang nei Weeër ze sichen wei ma den Mënsch als Individuum stäerken kennen.

Et war wuel mäin éiwegen Virwëtz, deen dofir gesuergt huet, dass ech déi Corona-Geschicht keng eenzeg Sekonn gegleeft hunn. 

Mäin Drang meng Matmënschen ze warnen, huet dozou gefouert dass ech d´Recht op meng Kanner wech geholl krut.

Mat mengem Beitrett zu dëser Partei, well ech meng Stemm an mäin gesammelt Wëssen dozou notzen mengen Matmënschen Kloerheet ze bréngen. 

Ech setzen mech an fir Fräiheet. Dëst kann, an mengen Aen, nëmmen funktionéieren mat enger opgekläerter an intelligenter Bevëlkerung. Aus deem Grond well ech mech asetzen, dass endlech en ëffentlechen Debat gefouert gëtt, doriwwer wei eis Welt funktionéiert an wat wierklech séit 2020 geschitt ass.

An menger Fräizäit ginn ech gären an d´Natur oder beschäftegen mech mat alternativen Technologien. Sou sinn ech aktuell an den Virbereedungen fir en Waasserstoff-Moto ze bauen.

Opgepasst! D´Adress contact@julien.gold as aktuell net ereechbar. Dir kennt mir är Froen awer gaeren iwer julienweberdasilva@proton.me schecken. 

Wann dir mech ennerstetzen wellt, bieden ech ierch dem club4you beizetrieden.  https://www.club4you.net/1675594557

Iwer desen Link fand dir Erklär-Video´n zu den meeschten Froen. Falls är Fro net beäntwert get, zeckt net mech ze froen: julienweberdasilva@proton.me